faq

Presentatioun vun der Reform

ALPHA – zesumme wuessen“ huet als Zil, all Kand e gerechte Schoulufank ze garantéieren, ugepasst u säi sproochleche Profil an u säi familiäert Ëmfeld, an dobäi gläichzäiteg den Zesummenhalt an der ëffentlecher Schoul ze erhalen.
D’Reform féiert d’Méiglechkeet an, tëscht enger Alphabetiséierung op Däitsch oder op Franséisch ze wielen. Dës Decisioun gëtt um Enn vum Cycle 1 vun den Elteren op Basis vun enger professioneller Recommandatioun vun der Equipe pédagogique geholl. Esou kritt all Kand d’Chance, Liesen, Schreiwen a Rechnen an enger Sprooch ze léieren, déi et genuch versteet a beherrscht. Doduerch gi sproochlech Hürden ofgebaut, déi de Schoulerfolleg kënne bremsen.
Den neie Léierplang integréiert vollstänneg d’Logik vun „ALPHA – zesumme wuessen“: En ënnerscheet tëscht der Alphabetiséierungssprooch an der zweeter Sprooch, mee zielt op déi selwecht Kompetenzniveauen um Enn vum Cycle 4.
D’Lëtzebuergesch spillt an dëser Reform eng zentral Roll: Als gemeinsam Kommunikatiouns- an Integratiounssprooch stäerkt et den Zesummenhalt an de Klassen a baut eng wichteg Bréck fir de schrëttweisen Zougang zu den zwou anere Landessproochen.

 

> FAQ

Dir sidd Enseignant?

Da consultéiert d'Agenda mat de Formatiounen an den Hospitatiounen, déi ronderëm de Projet „ALPHA - zesumme wuessen” organiséiert ginn hei.

Contact

Lynn Lagodny
T. (+352) 247-66430
alpha@script.lu

Contact presse : Myriam Bamberg
T. (+352) 247-85252
press@men.lu